Lauschter Lëtzebuerg mam Radio 100,7
De Radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio vu Lëtzebuerg a steet fir onofhängeg an onparteiesch Informatiounen. Mir ginn de villfältege Stëmme vum Land eng Plaz fir sech auszedrécken an erzielen hir Geschichten – an eise Wierder.
Lauschteren heescht entdecken, kucken, fillen, verstoen a sech verbannen. Lëtzebuerg nozelauschteren heescht Lëtzebuerg d’Wuert ze ginn an och déi onbequeem Froen ze stellen.
Lauschtert eran an dir start gutt informéiert an den Dag, héiert spannend Interviewen a bleift de ganzen Dag up-to-date mat eise gutt recherchéierten Noriichteformater.
Freet iech op interessant Kulturemissiounen a kommt gutt mat eis duerch den Dag – mat einfach beschter Musek.
Radio 100,7