Automag

RTL Radio Lëtzebuerg
Automag
Neueste Episode

Verfügbare Folgen

5 von 379
  • Den neien T-Roc, 08/12/2025
    Dës Kéier am Automag e Bestseller, deen elo als Nofollger an de Startlächer steet. Di 3. Generatioun vum Modell T-ROC bei VW. Wat ännert, wat bleift a kann deen Neien iwwerzeegen? Alles Froen op déi de Christian Schmit fir eis eng Äentwert huet, wëll dee war op der Presentatioun dobäi.
    --------  
    3:11
  • Leapmotor B10, 04/12/2025
    Eng nei chineesesch Mark mat engem Model fir Europa
    --------  
    2:51
  • Automag: Tesla Y Performance, 01/12/2025
    Dat kléngt jo da scho mol no vill Leeschtung, mee wéi performant ass den US-Amerikaner da soss nach esou. Jo kaum eng aner Mark war di lescht Zäit esou an de Schlagzeilen wéi TESLA. Gouf zäiteweis esouguer zum Politikum. Mee hei konzentréiere mir eis op den techneschen Know How. TESLA ass jo eigentlech déi Mark déi d’Elektromobilitéit a grousse Stéckzuelen virugedriwwen huet. Wat ass dann elo anescht un deem Modell Y an der Performence Versioun? Also dee neien Model-Y-Design erkennt e gläich u senge chicen beliichten Liicht Läischten vir an hannen. Dat bleift, éischter am Detail ginn et Ënnerscheeder, mat dezente Spoilere vir an hannen. An och e bëssche Carbonfaser gëtt spendéiert. E speziellen Performence Emblème, an d’Spigele bausse si schwaarz lackéiert. A bannenan dann och eng Spuer méi sportiv, oder? Jo do sinn et effektiv Sport Sëtzer mat guddem Säitenhalt. Och hei kënnt Carbon an den Asaz, an d’Brems a Gaspedal am Aluminium. Den zentralen Ecran ass elo méi grouss mat besserer Opléisung. Gefall hunn eis och de riesegen Panorama Glasdaach, Akustikverglasung, a Sëtzer déi och hannen elektresch verstallt kënne ginn. Och de Réck, wann emol méi muss transportéiert ginn. Trotzdeem, fir mäi Gôut ass den Interieur ze steril an ouni Séil. A bei de Fuerleeschtungen gëtt elo méi gebueden? Also interessanterweis um Pabeier fir d’éischt emol manner. Vun 514 PS elo op 460 PS. An awer ass d’Accéleratioun op 100 elo mat 3,5 Sekonnen e Sput besser, 250km/h Spëtzevitesse wäre méiglech, a virun allem konnt d’Autonomie duerch Verännerunge bei der Batterie a Wirkungsgrad ëm 60km zouléeen. De Verbrauch vun 17kw/h geet an d’Rei, genee wéi dass mat 250kw ka geluede ginn. Den Tesla Model Y Performance Dual Motor an Allrad steet op chicen opfällegen 21-Zoll-Felgen déi "Arachnid 2.0" gedeeft goufen, de Clou ass hei eng integréiert Aero-Läischt. D’Bremsen a Fuerwierk goufen upgepasst. Awer och Fiederung a Stabilsateuren. Den dach 2 Tonne schwéieren TESLA léisst sech nawell am Alldag spilles beweegen, mat agreabeler Lenkung a Réckmeldung fir de Chauffer. Wéi sportlech e wëll ënnerwee sinn kann, wéi esou zimmlech alles, um Touch Screen ofgeruff ginn. Wat kascht dann den TESLA Model Y Performance? Hei wéilt een dann op manst 62 990 Euro iwwerwise kréien. D’Fuerf Ultra Red schléit eleng scho mat sëftegen 2 600 Euro extra zu Buch. Wéivill Euro engem déi extra Performence wäert ass, muss jiddereen da fir sech decidéieren.
    --------  
  • Automag: Toyota GR Yaris, 27/11/2025
    --------  
    3:25
  • Automag: Toyota GR Yaris Alldagstest, 27/11/2025
    Wéi ass dat, ee Rallye-Auto am Alldag ze fueren? Déi Fro huet sech de Paul Origer gestallt wéi, no der Presentatioun zu Lyon am leschte Joer, den Toyota GR Yaris elo fir een Alldagstest um Menü stoung. Schliisslech ass dee klenge Japaner mat Renntechnik a Leeschtung vollgestoppt an antëscht schonn ee Sammlerobjet. Wéi dem Paul séng Impressioune waren, dat seet en eis elo.
    --------  

Weitere Freizeit Podcasts

Über Automag

Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
Podcast-Website

Höre Automag, Auf ein Bier von Gamespodcast.de und viele andere Podcasts aus aller Welt mit der radio.at-App

Hol dir die kostenlose radio.at App

  • Sender und Podcasts favorisieren
  • Streamen via Wifi oder Bluetooth
  • Unterstützt Carplay & Android Auto
  • viele weitere App Funktionen

Automag: Zugehörige Podcasts

Rechtliches
Social
v8.1.2 | © 2007-2025 radio.de GmbH
Generated: 12/13/2025 - 2:46:37 AM