Am Takt: LOA, Superdrive, Horse Blinders, Merlettëfest, Culture Forest Festival a Rocklab Session, 05/05/2025
Méindes Owes steet um Radio d'Lëtzebuerger Musekszeen am Mëttelpunkt. Haut war de Programm gutt gefëllt, mat dobäi waren d'Organisateure vum LOA, LOA, Superdrive an d'Horse Blinders. Dernieft hu mir iwwert d'Merlettëfest zu Reckeng an de Culture Forest Festival zu Esch geschwat. Um Schluss goung et dann och nach ëm d'Rocklab Session e Mëttwoch an der Rockhal. Dapple Rose an d'Band TNNE spillen do e Concert.
--------
36:15
Am Takt: Tuys & Rapson, 28/04/2025
Dës Woch mat ville neie Singlen an der Playlist, enger Gebuertsdagsfeier, an engem Newcomer an Beräich Hip-Hop.
--------
8:51
Am Takt: Tame and the Wild, Skuto, Skreen Brulee an de Roll Rossi, 31/03/2025
T’ass erëm Zäit fir Lëtzebuerger Musek, nei interpretéiert vum Roll Rossi. Zu Péiteng organiséieren se e Metal Festival a mir ginn op déi nächste Rocklab Session an der Rockhal an. De Skuto an d’Band Skreen Brulee liwweren do eng Portioun Alternativ, Rap an Hip Hop Musek. Den Duo Tame and the Wild bréngt e Freiden hier nei Single eraus, mir lauschteren se schonn en Avant-Première.
--------
26:57
Am Takt: Babanam & WazToo, 24/03/2025
Dës Kéier mat Reggae an elektronescher Musek. De Bert Jung, bekannt duerch ënner anerem Alfalfa, war op Besuch fir säin neie Projet Babanam virzestellen an och de WazToo huet fläisseg produzéiert.
--------
15:34
Am Takt: Mam Lara Grogan, Rozeen, Tanja June, Georges Urwald&Debbie Marinkovic, Carisa Dias, 17/03/2025
Am Am Takt vun dëser Woch hu mir iwwert d’Rocklab Session vum Lara Grogan an dem Rozeen, de 19. Mäerz an der Rockhal geschwat. Dernieft waren d’Tanja June, de Georges Urwald an den d’Carisa Dias beim Loïc Juchem am Studio.